Zënter 2010 kommen all 3. Freideg am September d'Mataarbechter vun der Onet Group zesummen fir eng lokal Associatioun hir Hëllef ze bidden. 💪🤝
Mir haten dëst Joer d’Éier fir d’ Fondation Maison de la Porte Ouverte (FMPO) 🏠 ze ënnerstëtzen, andeems mir hinnen bei verschiddenen Projeten eis Hëllef ginn:
🎨 Molerei
💦 Héichdrockreinigung vun engem Haff
🧽 Fënster Botzen
🌿 Ënnerhalt vu Gréngflächen
E grousse Merci un all d'Mataarbechter vun Onet Luxembourg déi matgemaach hunn an un d'Fondatioun fir hiren häerzlechen Empfang.
Zesummen hu mir gehollef hire Wunnraum méi agreabel a gemittlech ze maachen. 🧡✨

